Hei fënns du e puer flott Aktivitéite fir doheem auszeprobéieren. Mir wënschen dir vill Spaass!
Fotoen oder Videoe vun dénge Versich kanns du eis gäre mailen!
Mat roudem Kabes kënnt dir e flott Experiment maachen, bei deem vill verschidde Faarwen entstinn. Zauberei? Nee, dat ass Chimie!
Bau eng Kanoun an test wéi wäit’s du schéisse kanns. D’Anleitung fënns du mat Hëllef vum QR-Code op eisem Kanal op Youtube (klick hei!).
Op dëser Websäit kanns du ganz einfach éischt Schrëtt beim Programméiere maachen: https://code.org/
Hei stelle mir déi Websäit vir a ginn dir e puer Tipps mat op de Wee:
Vorstellung von code.org - DE / FR
Weider geet et mat Scratch junior fir déi méi Kleng, oder mat Scratch fir déi méi Grouss
Scho laang ier de Mënsch mat Baggeren a Camione geschafft huet, konnt hien duerch den Asaz vun einfache Maschinnen seng Muskelkraaft verstäerken. Hei kanns du entdecken, wat fir eng dat sinn, a wéi een se kann asetzen.
Einfache Maschinen - Einleitung
machines simples - Instructions
Einfache Maschinen - Detektivheft
machines simples - livret de détective
Hei fënns du e Video fir d’Detektivheft zesummenzefalen: KLICK MECH!
D'Rad an d'Kuerbel sinn einfach Maschinnen, déi dir hëllefe mat manner Kraaft déi selwecht Aarbecht ze maachen.
Bastel e Modell aus Kartong an probéier et selwer aus!