Aerodynamik
Wat ass Aerodynamik?
Anhand vu loftschnëttegen Experimenter entwéckelen an testen d'Kanner hire Prototyp.
Aggregatzoustänn Waasser
Waasser fënnt een ënner ville „Formen“: flësseg, fest, etc...
Mär entdecken di verschidden Zoustänn an hir wichteg Bedeitung am Alldag.
Akustik
Wat ass een Toun? Wéi entsteet e Geräisch?
Mär entdecke mat flotten Experimenter wat de Schall ass, firwat Instrumenter schéin Téin vu sëch ginn...
Archimedes
Eureka! Mär experimentéiere wéi den Archimedes.
Basen a Saieren
Sauer Zäiten aus dem Chimiescours, déi keen (ph)-neutral gelooss hunn.
Wee weess nach den Ënnerscheed? D'Kanner entdecke wéi eng wichteg Roll se an eisem Alldag spillen.
Bewegung a Konstruktioun
D’Kanner verdéiwen sech an den Domaine vun der Beweegung a konstruéieren ee Gefier wat verschidden Tester muss packen.
Brécken
Wéi baut een eng Bréck?
Mär léiere verschidde Brécken kennen a bauen se no.
Brécken-Challenge
Versuch macht klug : Am Team bauen d’Kanner Modeller zu verschiddenen Aufgaben a léieren dobäi wat eng Bréck stabil mécht.
Brushbot
D’Kanner bastelen ee flotte Roboter an dekoréieren en op eng witzeg Manéier.
CO2
Eis Experimenter mat CO2 sin décke Gas!
CSI - DNA
E Kriminalfall bréngt eis op d'Spuer vun der DNA.
CSI - Tatort Technikschoul
CSI, dem Täter auf der Spur...
Am Labo ass eng lass, well d'Kanner kréien e Kriminalfall ze léisen.
Cubetto
Éischt Schrëtt am Programméiere mat dësem Material fir Kanner ab 3 Joer. Awer och méi al Kanner kënne gefuerdert ginn.
Méi Infos: primotoys.com
Elektronesch Experimenter
Mir maachen einfach elektronesch Experimenter um "Breadboard“ mat Widderstänn, LED a.s.w. Duerno léit jiddereen e klenge Projet fir mat heem ze huelen.
Experimenter mam Fred
De Fred ass eng virwëtzeg Seechomes. Mat him entdecke mir vill spannend Experimenter.
Faarwen
blo a rout, giel a gréng: Mir maache flott Experimenter fir Faarwen ze mëschen an ze "begräifen".
Faarwen (Précoce)
Nuets sinn d’Kazen alleguer gro...
Mee firwat dann? Mär fannen eraus, datt an eisem Liicht vill Faarwe sinn, mär addéiere Pigmentfaarwen a mëschen nei Faarwen...
Feier
Wou brennt et?
Mär entdecke wéi iwwerhaapt eppes ka brennen, ... an erëm geläscht ka ginn!
Fléien
Wat ka fléien? Mir testen dat a bastele Fligeren a Rakéiten.
Fléien (Précoce)
3-2-1-lass, e Loftballon an eng Filmdous starte wéi eng Rakéit. De Pabeierfliger flitt, … bis en eroffält. Zum Gléck huet de Pilot e Fallschierm!
Jickebunn
D'Kanner kréie verschidden Aufgabe fir eng Jickebunn ze bauen. Eppes Feines fir d'Iwwerleeën an d'Motorik, all dat mat Teamgeescht.
Katapult
Mat engem Hiewel, enger einfacher Maschinn, probéiere mir Saachen sou wäit wéi méiglech ze schéissen ouni eis midd ze maachen.
Kelten a Gallo-Réimer
Eng kleng Zäitrees gefälleg?
Kelten a Gallo-Réimer fanne mer net nëmmen an den Astérixbicher, mee guer net wäit vun hei ewech.
Eng gutt Méiglechkeet fir di technesch Errongenschafte vun eise Virfahren um Tëtelbierg ze entdecken.
Dir kommt ee Mueren an eiser Kelten- a Réimer-Woch am Juni/Juli.
Kitchen: Impossible
Spannend Experimenter aus der Kichen, fir de Cycle 2.2, 3.2 a 4.2.
Ofwiesselnd Experimenter fir all Cycle!
Konstruktion
D’Kanner entdecken d'Statik op eng flott Manéier.
Kräften
Mär lëften d'Geheimnisser vu Reiwung, Hiewelkraaft a co.
Linoldrock
Konscht an der Technikschoul? Eng Technik fir Kënschtler! All Schüler schnitzt seng Linolplack an dréckt se e puermol op Pabeier.
littleBits
littleBits si kleng elektronesch Bausteng mat deenen ee spannend Saache ka bastelen. Google it!
Loft
Alles nëmme waarm Loft?
Unhand vun einfachen, awer faszinanten Experimenter entdecke mär Interessantes zum Thema Loft.
Loft (Précoce)
Loft ass iwwerall a si brauch Plaz. Dat weist en einfacht Experiment.
A mir kennen nach aner Versich fir mat eppes ze schaffen, wat een net gesäit.
Magnéiter
Alles zitt sech un?
Mär entdecken unhand vun Experimenter di “magesch” Kräfte vun engem Magnéit...
Nährstoffer
Wéi vill Zocker ass am Ketchup?
D'Kanner analyséiere verschidde gängeg Nahrungsmëttelen op hir Inhaltsstoffer wéi z.B. Zocker, Stäerke, Fett, a si lëschten hir erschreckend Resultater op.
Optik - Licht und Farbe
Wéi eng Faarwe gesi mir besser?
Ass e Schiet ëmmer schwaarz?
Mir entdecken de Phänomen vum faarwege Liicht.
Optik - Licht und Schatten
Ouni Liicht géife mir näischt gesinn a keng Faarwen erkennen! Mir kucken eis d’Phänomen Liicht mol mi genau un!
Optik - Spiegelung und Reflexion
Mir teste wéi ee Material d'Liicht am beschte reflektéiert an experimentéiere mat Spigelen.
Pabeier
Mär recycléiere Pabeier
Wou kënnt de Pabeier hir? D'Kanner bréngen eng Zeitung mat a mär maachen doraus flott eege Pabeiersblieder.
Recycl-Art
Technesch Geräter ginn ausernee geholl. Domat ka mat vill Fantasie visuell Konscht entstoen. Dovu gëtt eng Foto gemaach a speziell verschafft.
Salz
Mär entdecke mat Hëllef vu spannenden Experimenter d'Eegenschafte vum Salz.
Schwimmen und Sinken
Schwammmeeschter!!
Firwat geet eng Mënz ënner an ee grousst Schëff net? D'Titanic ass jo eng Ausnam, mee do ass eppes schif gelaf.
D'Kanner fannen eraus wéini a firwat eppes schwëmmt oder ënnergeet.
Scratch & mBot
Mir entdecken eng einfach Programméiersprooch fir Kanner a steieren e Roboter mam Computer.
Seefeblosen
Eng propper Saach? Sécherlech net!
Jidderee kennt dat. Mee hues du schonn deng eege Seefeblosenflëssegkeet selwer hiergestallt, an dono nach aner Seefeblose produzéiert mat geckege Formen?
Statesch Elektrizitéit
Statesch Elektrizitéit, do stinn engem jo d'Hoer zu Bierg!
Steinzeit
Eng kleng Zäitrees gefälleg?
Wéi huet den Neandertaler säi Feier ukritt? Woumat ass de Cro-Magnon op d'Juegd gaangen? Op des Froe kréien d'Kanner hier Äntwerten: sëlwer d'Technik aus der Steinzeit ausprobéieren.
Stop-Motion
Op der Basis vun hirem eegene Zenario, bauen sech d’Kanner ee Set zesummen, wou se dann ee kuerze Video maachen. Am beschte mat hirem eegenen Handy. Eng gratis App gëtt et och, Action!!
Stroum
Kann e Stroumkrees och eckeg sinn?
Wéi kréien ech eng Luucht zum Liichten a wat brauch ech fir se un- an auszeschalten?
Tower-Challenge
Wie baut den héchsten Tuerm ? Wiem säin Tuerm steet am stabilsten ? Wéi mécht een dat am beschten ? Flott Aufgabe mat einfachem Material aus dem Alldag!
Waasser
Einfach awer faszinant Experimenter zum Thema Waasser:
Mär experimentéiere mam Element Waasser.
Waasser (Précoce)
Waasser mësche mat Feststoffer / Flëssegkeeten (Précoce)
Déi kléng Seechomes wëll en Haus bauen. Op der Picknickplaz fënnt si lauter Saachen.
Mä woumat kann ee gutt bauen?
Zännrieder
Zännrieder an Iwwersetzungen
Wat geschitt wann e puer Zännrieder uneneen dréinen, a wat wann e grousst Zännrad ee klengt Zännrad undreift?