![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Bei eis kënnt de "Workshop to go" zum Beispill an den Asaz, wa mir zesumme mat der Naturschoul d'Spiller am Waassergaart ubidden. An engem vun den Atelieren bauen d'Schüler e klengt Loftballonboot. Dofir mussen si seeë, feilen a schläifen.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
An déi éischt Normkëscht passe 6 Aarbechtsplazen, de Kär vun eisem "Workshop to go". All Aarbechtsplaz ka mat 2 Schraufzwénge sécher un der Bänk festgemaach ginn. Do drop gëtt entweder eng Gehrungslade oder e klengen Dësch fir mat der Lafsee ze schaffe geschrauft. Oder et kann een e Stéck Holz direkt mat enger zousätzlecher Schraufzwéng op der Aarbechtsplaz fixéiere fir drun ze schaffen. Wann ee fäerdeg ass, ginn d'Gehrungslade, de Lafsee-Dësch, d'Schrauwen an déi zwou Schraufzwéngen an der Aarbechtsplaz verstaut.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
An déi zweet Normkëscht passe 6 Schräinerseeën, 6 Himmer, 6 zousätzlech Schraufzwéngen, 6 Metall-Linealer a 6 PUK-Seeën. A fräie Fächer kënnen z.B. Bläistëfter a Gummie geraumt ginn. Jee no Aktivitéit muss net all Plateau ausgepaakt ginn, a beim Raume gesäit een direkt, op all d'Geschier erëm op senger Plaz ass.
An déi drëtt Normkëscht passe 6 Lafseeën, 6 Metallwénkelen, 6 Tübe Päsch, a ganz wichteg .... Ersatzseeblieder ;-)
Wien interesséiert ass de "Workshop to go" nozebauen fënnt hei d'Pläng mat de Moossen. Mir géifen eis iwwer e Feedback freeën.
Op Ufro kënne mir och gär d'Pläng als DXF zur Verfügung stellen.

















