Downloads

Hei fënns du e puer flott Aktivitéite fir doheem auszeprobéieren. Mir wënschen dir vill Spaass!
Fotoen oder Videoe vun dénge Versich kanns du eis gäre mailen!


Basen a Säiren

Mat roudem Kabes kënnt dir e flott Experiment maachen, bei deem vill verschidde Faarwen entstinn. Zauberei? Nee, dat ass Chimie!

Rallye Woiwer-Fousbann

Am Summer 2020, wou d’Technikschoul an den Übungsgruppe matgeschafft huet, ass dëse Rallye fir d’Schüler vum Woiwer entstan, deen awer och gutt vum Fuussbann aus gemaach ka ginn.

Mir verëffentlechen deen hei fir all interesséiert Enseignanten, Schüler, Elteren, …

Einfach Maschinnen

Scho laang ier de Mënsch mat Baggere a Camione geschafft huet, konnt hien duerch den Asaz vun einfache Maschinne seng Muskelkraaft verstäerken. Hei kanns du entdecken, wat fir eng dat sinn, a wéi een se kann asetzen.

Hei fënns du e Video fir d’Detektivheft zesummenzefalen: KLICK MECH!

Hei gesäis du d’Maschin an Aktioun: KLICK!


Bau déng eege Kanoun

Bau eng Kanoun an test wéi wäit’s du schéisse kanns. D’Anleitung fënns du mat Hëllef vum QR-Code op eisem Kanal op Youtube, oder wann’s du hei klicks.


Lut a Schiet

Tauch an déi spannend Welt vun der Lut an de Faarwen an!


E Modell vun der Long

Wéi kënnt d’Loft an d’Long? Bastel e Modell a fann et eraus!


Wandspiller


Stop-Motion

Shaun das Schaf, Lego-Movie, … gëff och du Regisseur an déngem Filmstudio mat déngem Handy als Kamera, Mikrophon a Schneidpult. Sief kreativ an erfann déng eege Geschichten.


Eiswürfel-Challenge

Probéier däin Äiswürfel sou laang wéi méiglech vum Schmëlzen ofzehalen, natierlech ouni Tiefkühler!


Jickebunn

eng Jickebunn un der Zëmmerdir

Bau eng flott Jickebunn mat einfachem Material dat’s du doheem fënns.


Coding

Hei kanns du ganz einfach éischt Schrëtt beim Programméiere maachen.


Auto-Challenge

Bau en Auto mat eengem Loft-Motor an kuck wéi wäit e fiert.


Tower-Challenge

Wien baut deen héchsten a schéinsten Tuerm?